Déclaration de politique étrangère 2003 (version originale luxembourgeoise)

Le 1er avril 2003, le Vice-Premier ministre et ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérieur Lydie Polfer a prononcé, comme chaque année, la traditionnelle déclaration de politique étrangère, à la tribune de la Chambre des députés.

- et gëllt de geschwatenen Text -

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Dëst ass déi véierte Kéier, dass ech als Ausseminister d’Geleeënheet an d’Éier hunn, hei vrun dëser Chamber d’Prinzipien, d’Objektiver, d’Zukunftsvisiounen an d’Erausfuerderungen vun der lëtzebuerger Aussepolitik esou wéi ech se gesinn an ëmsetzen, duer ze stellen.

Dese Moment ass awer esou speziell, dass et néideg ass onse Débat an den Kontext vum Krich am Irak ze setzen an dorauser probéieren d’Konsequenzen ze zéien fir d’international Relatiounen an natierlech och fir Lëtzebuerg. Well och wann mer de Krich net gewollt hunn, musse mer eis elo mat sengen Ausleefer beschäftegen.

De Krich am Irak hu mir net gewollt ...

De Krich am Irak weist op eng dramatesch Aart a Weis wéi eng wichteg Platz d’Aussepolitik an der Gesellschaft anhëlt a wei ëtt ons d’Liewen an Zesummeliewe bestëmmt.

Seit dem Donneschdeg 20ten Mäerz gëtt den Irak bombardéiert a militäresch ënner Kontroll gesat vun enger Koalitioun ugefouert vun Amerika. Dat huet Opfer gefuerdert, esou wuel beim Militär wéi bei der ziviler Bevölkerung. Ech well dëse Moment gebrauchen, fir allen Familljen a Bedeelegten vun den Affer eist Matgefill aus ze drécken. Ech well awer och den Engagement huelen, dass mir als Lëtzebuerger an ech als lëtzebuerger Ausseminister, mat enger ganz grousser Determinatioun alles wëllen machen wat mer kënnen, fir datt esou een leschten Recours op militäresch Interventioun an der Zukunft net méi ubruecht ass fir international Krisen ze regelen. Well Krich ass ëmmer net nëmmen eng Défaite vun der Politik an der Diplomatie, mä haaptsächlech onmossëg Leed, Zerstéierung an Doud.

Dofir ass elo ze hoffen, dat de Krich esou schnell wéi méiglech op en Enn kennt, dat esou mann wéi méiglech Leit hiert Liewe musse loossen an dat dann de Moment komm ass, wou én Irak kann opgebaut ginn, dén d’Menscherechter respektéiert an dén selwer e respektéierte Partner an der internationaler Gesellschaft ka sinn. D’Uno an d’EU kënnen hëllefe fir dass d’Iewschaft vun dem bluddege Bass-Régime kann iwwerwonne ginn.

Ech hunn der lëtzebuerger Regierung hier Positioun zu der Krise am Irak seit Oktober regelméisseg hei an der Chamber duergestallt, an dofir wéilt ech och hei nëmmen kuerz nach eng Kéier op d’Evenementer vun den leschten Méint a Wochen zeréck kommen fir dass mer trotz den villen Krichsbiller ons nach eng Kéier virun Aen halen, vun wou déi aktuell Situatioun hier kennt:

De Secherheetsrot, den natiirlechen Kader fir Krisen ze léisen.

Wéi am Summer 2002 et ëmmer méi Zeechen goufen, dass der amerikanescher Regierong hier Gedold mam Irak op en Enn géif kommen, huet d’international Communautéit a besonnesch Europa hier ganz Iwwerzeegungskraaft gebraucht fir dass déi Fro am natierlechen Kader vum Sécherheetsrot vun de Vereenegten Natiounen géif behandelt ginn. Den 12. September huet dunn den President Bush an der Assemblée zu New York acceptéiert deen Wee ze goen ouni de Gebrauch vun anere Mëttelen auszeschléissen am Fall vun engem Echec. Et gung dunn drëm d’Inspektiounen am Irak erëm un d’Lafen ze kréien iwwert een Mandat vum Sécherheetsrot, an dat an engem verstännegen Zäitraum deen erlaben géif, den Irak mat dësen friddlechen Mëttelen ze entwaffnen an seng Massevernichtungswaffen ze zerstéieren, respektiv d’Zerstéierungen, déi schonns gemaacht waren, wierklech ze dokumentéieren.

Wéi ech den 4ten Oktober zu Washington fir Gespréicher mat der amerikanescher Administratioun war, hat ech d’Geleeënheet selwer dem amerikaneschen Ausseminister eis Positioun duerzeleeën.

Den 8ten November ass dunn eestëmmeg am Sécherheetsrot d’Resolutioun 1441 ugeholl ginn an d’Inspektiounen konnten erëm ufänken. Et war awer aus dem Text kloer eraus ze liesen, dass dëst déi lescht Chance géif sinn fir den Saddam Hussein fir eng friddlech Entwaffnung firzehuelen an dass och falsch oder onkomplett Deklaratiounen net méi toleréiert géife ginn, an zu seriéisen Konsequenzen, dat heescht zu engem militäreschen Entwaffnen vum Irak, kéinten féieren.

D’Chefinspekteren Blix an El Baradei hunn dunn regelméisseg dem Sécherheetsrot Rapport gemaacht iwwert hier Aarbecht am Irak. Doraus huet sech erwisen, dass den Irak net aktiv genuch kooperéiert huet, mä dass den Régime vun Bagdad och net d’Inspektiounen behënnert huet. Mat der Zäit huet den Drock vun der internationaler Gemeinschaft éischt Resultater bruecht, wéi zum Beispill d’Zerstéierung vun Al Samoud 2 Rakéiten. Parallel dozou hunn Amerika an England Dausende vun Truppen an d’Regioun geschéckt.

Et kann een also wuel soen, dass d’Uno hier Aarbecht gemaacht huet, mä si konnt op emol net méi virun goen. D’Kombinatioun vun den Inspekteren an dem militäreschen Drock hätt kënnen de Wee weisen fir eng friddlech Léisoung vum Konflikt. Leider wor keng Koordinatioun tëschent deenen zwee a si sinn zu Konkurrenten ginn.

Fir Amerika, fir England an och fir Spuenien war den 24ten Februar de Moment komm, fir méi kloer drop hin ze weisen, dass d’Zeit vum friddlechen Entwaffnen op en Enn géif kommen. Frankräich, Däitschland a Russland hunn sech deem entgéint gesat an hier Argumenter och dem Sécherheetsrot fir geluecht. D’Regierung hat den 26ten Februar hei an der Chamber gesot, dass si vun deenen Argumenter fir den Inspektiounen méi Zäit ze ginn, iwwerzeegt war a sech weider géif asetzen fir dass et zu engem friddlechen Entwaffnen kéint kommen.

Obschonns nach lescht Kompromësser tëschent deenen zwee Lageren am Sécherheetsrot probéiert ginn sinn, hat een awer domat ze rechnen dass fir de President a fir seng Administratioun d’Affair gelaf wär an de Krich nëmmen nach eng Fro vun der Zäit war. Den Ultimatum deen den 17ten Mäerz ausgesprach ginn ass, huet dat nëmmen bestätegt an mir woussten wat leider géif kommen. Kuerz ier dësen Ultimatum ausgelaf ass, huet de Sécherheetsrot nach eng Kéier mam Här Blix iwwert séin Aarbechtsplang an seng Prioritéiten befonnt an Präsenz vum franséischen, däitschen a russeschen Ausseminister ënnert anerem, mä dat sollt néierens méi féieren.

D’lëtzebuerger Regierung huet den 18ten Mäerz eng speziell Sitzung gehat an duerno d’Chamber iwwert hier Positioun am Fall vum Krich informéiert.

Ech war frou kenne fest zestellen, dass an der Sitzung iwwert all Fraktiounen eraus eng gemeinsam Analys an eng Ënnerstëtzung fir d’Haltung vun der Regierung do war. Mir waren an sinn eis weiderhin eens, dass den Moment vum allerleschten Recours, dat heescht d’Gräifen no de Waffen net komm war an dass et géifen Méiglechkeeten ginn op Basis vun de leschten Rapporen vun den Inspekteren fir den Irak friddlech ze entwaffnen. Ech war mer och kloer bewosst, dass eng Militäraktioun am Irak Konsequenzen op d’Regioun kéint hunn an op d’Equiliberen tëschent deenen verschiddenen groussen Partner am Golf an am ganze Mëttelen Orient. Op déi Konsequenzen dann elo esou méi Perpsektiven géifen ginn wéi Washington dat ugedeit hat oder méi komplizéiert ginn esou wéi vill Europäer gefaart hunn, dat konnt keen viraussoen, an dofir war de Risiko eben ze grouss fir et drop ukommen ze loossen.

Mir hunn des militäresch Interventioun och net konnten gudd heeschen, well si unilateral décidéiert gouf, ausserhalb vun den multilateralen Institutiounen, déi seit dem Enn vum Zweeten Weltkrich eben just déi Platzen sollten sinn, wou d’Krisen geregelt sollten ginn.

Während den Diskussiounen an der Uno, an der Nato an och an der Europäescher Unioun ass seit Januar ëmmer erëm probéiert ginn d’Unitéit ze wahren oder erëm ze fannen. Ech selwer hunn mech bei mengen Kollegen Ausseminister ëmmer ërem agesat fir méi Moderatioun, Zesummenaarbecht an Eenegkeet, an ech hunn mech och an deem Sënn un all déi direkt bedeelegt Länner aus dem Sécherheetsrot iwwert hier Ambassadeuren hei zu Lëtzebuerg geriicht fir si zu engem leschten Effort op ze ruffen.

Des Crise huet d‘Relatiounen zweschen Amerika an der Uno, Amerika an der EU belascht.

Dat ass net gudd, well et stét vill um Spill a mir mussen hëllefen de Gruef zwëschen Amerika an der EU ze iwwerbrécken. Well mir brauchen a mir wëllen eng transatlantesch Bezéiung déi op enger gudder Vertrauensbasis opbaut, an déi fir d’Stabilitéit vun der Welt wichteg ass.

D’Fro ass: Wéi brénge mir ëtt färdeg vun dem Trend ofzelenken dén sech all Dag awer an Amerika ze festege schéngt: déi amerikanesch Souveränitéit integral ze erhalen an ze verteidegen duerch eng ausgesprachen Onofhängegkeet vun de multilaterale Gremien a gestëtzt op militäresch Mëttelen, déi deene vun dem Rescht vun der Welt bei wäitem iwwerléen sin.

Europa huet sech eigentlech verabschied huet vum Konzept vun der „Muechtpolitik“, an Europa selwer an och iwwer Europa eraus, an dofir op Fridden an Entwécklong gesat duerch den Dialog an Zesummenaarbecht, duerch Gleichgewicht a Kompromess. Amerika denkt do anescht.

Geprägt duerch den Traumatismus dén den 11ten September duergestallt huet, sinn déi Leit an Amerika gestärkt ginn, déi mengen ett wier gudd, jo noutwendeg, dass Amerika sein eegene Wee gét fir seng Interessen a seng Secherheet ze verteidegen.

Lëtzebuerg well déi multilateral Institutiounen stärken.

Dat ass eng Analyse, déi an eisen Aen e Wee ass, den vill Geforen mat sech geng brengen. Vill méi Geforen wéi Firdeeler, vill méi Geforen wéi organiséiert Zesummenschaffen an internationalen Strukturen, déi wuel Konzessiounen verlangen, mä dofir en retour Secherheet an Matthëllef garantéieren.

Letzebuerg lént dofir den Unilateralismus als politesche Programm of.

An den Debatten iwwert den Irak ass vill vun deenen engen an deenen aneren iwwert den Roll an d’Kredibilitéit vun eisen gemeinsamen Institutiounen geschwat ginn.

Hunn si hier Limiten gewisen, hunn si net fonctionnéiert, sin si nach zäitgeméiss ? Ass de Multilatéralismus nach am Sënn vun eiser Zäit ?

Ob déi Froen well ech kloer äntwerten: Jo. Mir brauchen méi wie jee multilateral Gremien, wou mer kennen gemeinsam dofir suergen, dass d’internationalt Recht definéiert a respektéiert gëtt a wou international Regelen a Prozeduren, eis Weeër weisen an d’Zesummenliewen vun groussen a klengen State regelen a fir d'Menscherechter ze secheren a Konfliktsituatiounen beizeléen. Dat ass keen frommen Wonsch, mä et ass an eisem Interessen. E Land wéi Lëtzebuerg brauch esou Kadren fir wiertschaftlech, politesch a secherheetsméisseg sech kennen ze entwéckelen. Mir hunn an deenen läschten 50 Joer onse Wuelstand op déi Stabilitéit a Secherheet, déi ons d‘EU, d’Nato an Uno gin, opgebaut.

D’Uno ass e wichtegt Instrument fir Krisen ze léisen.

Dofir mussen mir net nëmmen d’Entwécklung vun dësen Institutiounen begleeden, mä mir mussen aktiv un hirer Verstäerkung deelhuelen, a virun allem eise konstruktive Beitrag duerch eng engagéiert Mataarbecht leeschten.

Här President,

D’Vereenten Natiounen sinn natierlech déi éischt Platz wou dëst Zesummenschaffen muss statt fannen. Si hunn bewisen, dass ënnert hirer Féierung schlëmm Krise konnten verhënnert ginn, an no Krisen eng nei gerecht Uerdnung konnt op gebaut ginn. Ech wéilt do als beschte Beispill den Timor Oriental zitéieren. Hei huet d’Uno all Etappen, vun den bilateralen Gespréicher, bis zum Referendum an der intérimairer Administratioun wéi den militäreschen Kontroll no den Ausschreidungen begleet. Den neien Stat ass schlussendlech den 27ten September 2002 Member vun der Uno ginn.

Och am Afganistan mécht d’Uno net nëmmen humanitär Aarbecht an Opbau, mä si ënnerstëtzt och ganz aktiv d’Préparatiounen vun der mise en place vun der neier Administratioun an bereed z.B. d’Wahlen fir 2004 an d’Ausschaffen vun enger neier Verfassung fir. D’Sécherheet vun der Haaptstad Kabul an hire Vieruerter ass dank der ISAF garantéiert.

Méi no bei eis am Balkan wor d’Uno présent fir a Bosnien eng gewëssen Normalitéit z.B. an dem Fonctionnement vun der Police ze schafen. An der Fréierer Jugoslawescher Republik vun Mazedonien hunn d’Vereenten Natiounen schlëmmer Ausschreidungen tëschent deene verschiddenen Volleksgruppen verhënnert. De Kosovo gëtt haut nach ënner Mandat vun der Uno administréiert, ouni dat sécher grave Konfrontatiounen statt fonnt hätten.

Dat ass wuel net alles perfekt, mä et sinn awer ganz konkret Schrëtter déi ouni d’aktiv Ingérence vun der Uno an hiren verschiddenen Agencen net méiglech gewiescht wären. Lëtzebuerg huet natierlech an de Limiten vun sengen Méiglechkeeten sech un dësen Efforten bedeelegt. Esou hunn mer ënner anerem d’Ausbildung vun de Polizisten am Afganistan mat finanzéiert. Mir schecken och am Kader vun der ISAF III militäresch Personal an den Afghanistan fir zesummen an engem belschen Kontingent den Hollänner an Däitschen ze hëllefen den Flughafen vu Kabul ze sëcheren.

Duerch eis erhéichten Entwécklungshëllef kréien mer och eng aner Roll an den Agencen vun der Uno, wéi z. B. am Pnud, am Fnuap oder och bei Unicef. Mir hunn hei aktiv matgehollef als temporaire Member vun den Verwaltungsréit fir des Agencen méi efficace ze machen. Well Entwécklungspolitik gehéiert och op hier Manéier zur Krisenpreventioun.

Et ginn natierlech och vill Beispiller wou d’Resultat vun der Uno hirem Apport manner kloer ass oder carrément d’Ziel net konnt erreecht ginn. Deen rezentesten Fall ass leider Zypern. Hei huet de Generalsekretär vun der Uno Joeren lang probéiert d’Partien méi no zesummen ze bréngen an och e Projet vum Reglement am November 2002 op den Dësch geluecht fir dass déi zwou Communautéiten sech kéinten eenegen, ier Zypern Member an der europäescher Unioun géif ginn. De Koffi Annan huet bis zum leschten Moment gekämpft fir dëst Ziel ze erreechen, mä hien huet missen den 10ten Mäerz zu Den Haag fest stellen, dass d’Parteien net prett waren fir deen leschten historesche Schrëtt ze machen. D’Republik Zypern ënnerschreift elo den 16ten Abrëll zu Athen de Beitrettsvertrag zur Europäescher Unioun an d’Tirkesch Partie vun der Insel kann net dobäi sinn. Dat weist, dass d’Uno zwar hëllefen kann an d’Parteien op de Wee bréngen kann, mä dass d’Resultat ëmmer vun dem politeschen Wellen vun den Acteuren ofhänkt.

Dat selwecht gëllt fir de Mëttleren Orient, wou d’international Gemeinschaft onfäeg ass, trotz ville Beméiungen, de Konflikt tëschent Israel an de Palästinenser beizeléen. Et ass dofir bluttnéideg dass de Fahrplang vum Quartett virun gedriwwe gëtt, ouni Retard a mat engem neien Élan fir dass 2005 zwee Staten friddlech niewenenaner a matenaner liewe kënnen.

Terrorismus an d’Prolifératioun vu Waffen kennt keng Grenzen. D’Gefor, déi vun hinnen ausgét, muss weltwäit bekämpft ginn an zwar am Kader vun der Uno. Séit dem 11ten September schaffe mir op Grond vun enger Rei vu Resolutiounen nach méi eng zesumme fir gemeinsam géint den Terrorismus virzegoen, an dat ënner anerem fir dass kén Finanzement un terroristeschen Organisatioune ka goen. Solidaresch mat Amerika huet Lëtzebuerg och eng bilateral Coopératioun an dém Beräich. Wat Nuklearproliferatioun ubelaangt, esou stellt Nord-Korea eng besonnesch Erausfuerderung un d’international Gemeinschaft an un de Sécherheetsrot. D’international Engagementer mussen agehal ginn, well et gét em d’Sécherheet vun eis all.

D’CPI, e grousse Schrëtt fir daat internationalt Recht.

De Fortschrëtt an den internationale Relatiounen hängt och der Weiderentwécklung vum internationale Recht of, an natierlech vum Wellen dat och ze applizéieren. An dem Beräich ass d’Schafen vun der Cour pénale internationale e ganz grousse Schrëtt no fir. Lëtzebuerg huet als 18t Land de Statut vun Roum ratifizéiert. Ech war frou konten dobäi ze sinn, wéi vrun 3 Wochen zu Den Haag d’ Riichtere vun dësem Gericht hiren Eed ofgeluecht hunn a Präsenz vum Koffi Annan. Et ass ons konstant Politik fir international Gerichter déi bei Verbriechen géint Mënschheet agesat ginn, ze ënnerstëtzen. Dat ass de Fall gewierscht fir Sierra Leone, fir Rwanda an och fir ex-Jugoslawien. Elo ënnerstëtzen mier natierlech nach an engem erweiderten Moss dat neit Gericht vun Den Haag. Well et kann jo net sinn, dass Verbriechen géint Mënschheet ongestrooft bleiwen. Dat muss eng Regel sinn déi sech op jiddereen applizéiert den sech strofbar mécht. An eisen Gespréicher mat deenen Länner déi nach net Partie vun dësem Gericht sinn, setzen mir ons an fir si vun der Wichtegkeet vun dëser Institutioun ze iwwerzeegen .

Eisen Asatz an dësem Beräich soll net nëmmen d’internationalt Recht stäerken, mä et ass och en Deel vun eisem méi generellen Bestriewen fir d’Menschenrechter ze würdegen an hire Respekt ze förderen.

Dësen Objektiv verfollegen mer esou wuel an internationalen Gremien, wéi an bilateralen Kontakten. Mir hunn eis e Plang ginn fir méi konstant den Haut Commissaire aux droits de l’homme an senger Aarbecht ze ënnerstëtzen. Dat hat ech d’lescht Joer der Madame Robinson virbruecht an ech hunn et dëst Joer konnten deem neien Kommissär Viero de Mello bestätegen. Mir hunn et och schonns ugefangen ëmzesetzen duerch eng héijer finanziell Hëllef. D’Aarbecht vum Haut Commissaire ass zentral fir eng ganz Rei wichteg Themen weider ze bréngen. Esou zum Beispill d’Problematik vum Rassismus. Ech war 2001 zu Durban op der Konferenz iwwert den Rassismus fir mech mat anzesetzen géint all Form vu Rassismus. Dëst ass sécher an allen Gesellschaften e Prinzip deem mer mussen all Dag erëm op een neits grouss Opmierksamkeet ginn. Een anert Thema wat mech besonnesch beschäftegt, ass de Respekt vun den Mënscherechter am Kader vum Kampf géint den Terrorismus. Ech leeën doropper besonneschen Wäert an dëst war och een vun den zentralen Themen vun der lëtzebuerger Présidence vun dem Ministerrot vum Conseil de l’Europe, déi mir vun Mee bis November 2002 haten, a wou heiriwwer Richtlinien ausgeschafft hunn.

De Respekt vun den Mënscherechter gëtt och vun der lëtzebuerger Diplomatie an bilateralen Gespréicher mat Respekt fir den Partner, mä mat Entschlossenheet virbruecht. Ech hunn meng Visite am Iran oder déi vrun kuerzem a Kuba och ënnert dësen Aspekt ze setzen an ech hunn mech mat der Oppositioun oder mat Dissidenten ënnerhalen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Am Kader vun der Uno besteet eng ganz komplett Gamme vun Aktivitéiten, un deenen Lëtzebuerg sech aktiv bedeelegt an wou Lëtzebuerg mat schafft fir international Normen duerch ze setzen.

D’Uno muss eng klor Roll am No-Krichs-Irak iwerhuelen.

Déi, déi gemengt hunn, d’Vereenegt Natiounen géifen duerch d’Kris am Irak an duerch d’Oneenegkeet vum Sécherheetsrot hier Relevanz verléieren mussen Onrecht kréien. Méi wéi jee sinn ech der Iwwerzeegung dass d’Uno relevant ass a bleift, an dass hier Moyenen weider gebraucht ginn. Eis Kandidatur fir de Secherheetsrot 2013/2014 ass am dém Kontexte ze gesin, an sie weist dass mir bereed sin eis Responsabilitéiten ze huelen.

Konkret Pläng sinn ausgeschafft ginn vun den Agencen vun der Uno fir schnell humanitär Hëllef kënnen dem irakesche Vollek ze bréngen. An d’Gespréicher sinn schonns weit fir en neie Kader am Sécherheetsrot ze definéieren, wou d’Resolutioun „oil for food“ am Interessen vun der Bevëlkerung och erëm uléeft. D’Uno muss awer och e kloeren Roll kréien an der Iwwergangsgestioun an an der Rekonstructioun vum Land, an dëst esou bal wéi d‘militäresch Aktiounen zu engem Enn komm sinn. Lëtzebuerg stellt eng direkt humanitär Hëllef vun 3,5 Milliounen Euro iwwert den Humanitäre Büro vun der Uno an iwwert den CICR zur Verfügung. Mir wäerten och beim Opbau nom Krich hëllefen, sief et duerch international Agencen déi op der Platz sinn oder mat de lëtzebuerger ONG déi sech wëllen am Irak engagéieren.

Här President,

D’Debatten iwwert den Irak hun och eng aner Institutioun wou Lëtzebuerg een vun den Grënnungsmember ass, an de Fierdergronn bruecht, d’ Nato.

Nei Aufgaben fir méi eng grouss Nato.

Eis transatlantesch Allianz huet am November 2002 op hirem Sommet zu Prag intern um Niveau vun den gemeinsamen Kapazitéiten eng nei Etappe konnten huelen. Och Lëtzebuerg huet hei kloer Engagementer geholl fir seng Responsabilitéit ze huelen a weider Investitiounen ze machen déi am Sënn vun der ganzer moderniséierter Allianz sinn.

Historesch war de Sommet awer, well d’Nato 7 weider Staten aus Zentral- an Osteuropa invitéiert huet fir sech der Allianz un ze schléissen. Et war ergräifend an enger vum kalen Krich besonnesch markéierter Stad ewéi Prag mat ze gesinn, wéi déi dréi baltesch Staten, Estland, Lettland a Litauen, souwuel wéi Slowenien, d’Slowakei, Bulgarien a Rumänien sech fir d’éischte Kéier un den Dësch vun der Allianz setzen konnten. Mir hun och mat grousser Zefirddenheet gesin, dass d’Relatioun mat Russland eng nei an solid Grondlag kritt huet.

Nom Bäitrëtt vun Ungarn, der Tschechescher Republik a Polen 1999, war dëst eng natierlech Fortsetzung vum Erweiderungsprozess vun der Nato, mä et huet een et och emfonnt ewéi den Enn vun enger méi donkeler Aera wou Europa nach an zwee gedeelt war. D’Nato huet op eng gewëssen Aart a Weis domat eent vun hiren haaptpoliteschen Zieler friddlech erreecht. Den 26ten Mäerz sinn zu Bréissel d’Adhésiounsprotokollen mat den 7 Kandidaten ënnerschriwwen ginn. Des ginn der Chamber esou schnell ewéi méiglech ënnerbreet fir dass mer kennen duerch eng rapid Ratificatiounsprozedur weisen, wéi wichteg dëst ons ass. Um nächste Sommet vun der Nato 2004 sinn mer dann zu 26.

De Sommet huet och d’Allianz op nei Pistë gesat wat hire Mandat ubelaangt, ënner anerem wat de Kampf géint den Terrorismus ubelaangt. Des nei Aufgaben däerfen awer net vergiesse loossen, dass d’Nato als peace keeper weider eng wichteg Roll spillt. Am Balkan huet jo sécher d’Uno eng grouss Roll, mä ouni d’Nato wär Villes net méiglech gewierscht. Elo eréischt gëtt d’Natomissioun an der Fréierer Jugoslawescher Republik vun Mazedonien vun enger éischter europäescher Missioun ersat.

Loosse mer eis neischt firmachen, den Irakdossier huet déif Spuren an der Allianz hanner looss. Ech well net nach eng Kéier op all Detailer zeréck kommen, déi mir hei schonns diskutéiert hunn. Et huet mer och net hëllefreich geschéngt iwwer sougenannt aal an nei Europa ze schwätzen, wann een just eben een vereentent Secherheetseuropa grad geschafen huet. Esou Kategorien schafen Divisiounen, woubei mer just den Contraire brauchen.

Den Haptobjektiv vun der Allianz ass an bleift d’kollektiv Verteidigung. Dëst erkläert och woufir mir deenen präventiven Moossnamen zougestëmmt hunn, déi der Tirkei ënnert dem Artikel 4 vum Traité vun Washington zougestanen ginn sinn. Lëtzebuerg huet an wäert och weider all seng Obligatiounen an der Nato erfëllen. An deem net ëmmer einfachen Débat an der Nato gung et net, wéi Verschiddener et gären gehat hätten, em d’Alternativ méi Europa oder méi Amerika. Dat ass e Choix deen keen vun eis esou wëllt akzeptéieren, an deen besonnesch fir d’Kandidatenlänner eng onméiglech Situatioun war an déi och muenech Haltung erklärt huet. Mir wëllen an brauchen déi zwee.

Déi transatlantesch Partnerschaft a Frëndschaft ass essentiel.

Wéinst eiser gemeinsamer Geschicht an eisen Wäerter déi mer oft zesummen no baussen vertrieden, kennen Europa an Amerika nëmmen komplementar sinn. Amerika huet eis eis Fräiheet zeréck ginn a vill lëtzebuerger Famillje, jo d’Land ass haut nach dofir dankbar. Och wann mir elo net mat verschiddenen Entscheedungen vun der amerikanescher Administratioun d’accord sinn, stellt dat des fundamental Frëndschaft net an Fro. Als Ausseminister hunn ech drop gehalen all Joer mat mengem amerikanesche Kolleg, fir d’éischt d’Madeleine Albright an duerno de Colin Powell, zesummen ze komme fir eis iwwert all Themen ze ënnerhalen. Nëmmen direkt Gespréicher erlaben engem dat richtegt Gefill fir deem aneren seng Argumenter ze kréien an an engems eis Uleies ze erklären. Meeschtens konnte mir gemeinsam Positiounen feststellen.

Déi nächst Wochen an Méint wäerten eis an den Natoinstanzen bestëmmt nach vrun nei Erausfuerderungen stellen, och wat d’Situatioun no deser militärescher Interventioun am Irak ubelaangt. Mir wäerten alles drun setzen, dëst mat Sérénitéit a Frëndschaft ze machen an alles machen fir den Zesummenhalt ze erlaben.

D’Europäesch Unioun bleift d'Häerzsteck vun eiser Aussepolitik.

Här President,

D’Europäesch Unioun, d’Häerzstéck vun eiser Aussepolitik, konnt am Irakdossier keng gemeinsam Linn halen. D’Ausseministeren vun deenen 15 haten gemeinsam Positiounen festgeluegt op hirer Sitzung Enn Januar, well mir waren eis jo eens wat d’Analyse vun der Situatioun ubelaangt an wat d’Objektiv soll sinn. De Conseil européen vum 17. Februar huet nach eng Kéier probéiert d’Unitéit ze bewahren. Mir hunn awer keng gemeinsam Linn fonnt wéi et dunn em een gemeinsamen Kalenner gung an an deem Zesummenhang iwwert de Moment wéini militäresch Mëttelen agesat sollten ginn. Déi véier europäesch Memberen aus dem Sécherheetsrot haten kloer zwee verschidden Weeër geholl, an déi woren net méi zesummen ze bréngen.

Et war traureg ze gesinn, dass d’Unioun nach net staark genuch ass, fir eis gemeinsam Interesse geschlossen no baussen ze vertrieden. An villäicht huet och grad dëst Amerika an senger Haltung bestäerkt. Dëst Beispill, mat all senger Visibilitéit déi et hat, soll awer net vergiessen doen, dass wann Europa gemeinsam Politik mécht, dass et dann och Resultater kritt, op déi een stolz kann sinn. Dëst ass natierlech de Fall mat eiser gemeinsamer Währung, dem Euro, an och an eiser gemeinsamer Aussenhandelspolitik. Hei gëtt Europa net vergiess oder ëmgaangen.

Also sinn dat d’Beispiller déi mer mussen verfollegen fir méi efficace an der Aussen- a Sécherheetspolitik ze ginn. Den Haut Représentant huet bewisen dass hien fir Europa d’Kris an ex-Jugoslawien bewältegen konnt. Esou war hien et z.B. dén et färdech bruecht huet fir déi nei Statsstrukturen vun Serbien an Monténégro op Pabeier ze bréngen an vun de Parteien akzeptéiert ze kréien. Hien huet och duerch séin Asatz zu Skopje den Iwwergank zu enger neier Regierung erlaabt. Europa huet schonns eng Aussepolitik am Balkan. Mir hunn selwer Polizisten déi un der europäescher Policemissioun a Bosnien deelhuelen an mir sinn och present wann elo d’Nato duerch eng EU Missioun zu Skopje ersat gëtt. D’EU plangt 2004 d’Missioun a Bosnien ganz ze iwwerhuelen. Dat sinn alles éischt konkret Zeechen vun eiser gemeinsamer Secherheets – an Verteidigungspolitik fir déi mer eis asetzen.

Et feelt der Europäescher Unioun an hirer aktueller Aussepolitik heiansdo um gemeinsamen Wellen, oft un genügend Mëttelen an ëmmer un verstäerkten Strukturen. Een gemeinsamen politeschen Wellen, méi Finanz- an Personalmëttelen an besser Strukturen ginn awer net duer, mir mussen och op europäeschem Plang gemeinsam Interessen definéieren.

Den Konvent iwwert d’Zukunft vun Europa dee seit Mëtt 2002 zesumme kennt ënnert der Présidence vum Giscard d’Estaing soll besser Strukturen a Methoden ausschaffen fir d’europäesch Ausse -an Sécherheetspolitik awer och d’gemeinsam Verteidigungspolitik esou ze gestalten, dass, mat dem néidegen politeschen Wellen, Europa een vollwäertegen Acteur op der internationaler politescher Bühne gëtt.

Lëtzebuerg, wäert weiderhin bei de Pionéier vun der europäescher Integratioun sin.

Mir als Lëtzebuerger mussen iwwerall do wou d’europäesch Integratioun weider gefouert gëtt, voll mat an déi Richtung schaffen. Mir hunn eng gewëss Pionéieraarbecht am Kader vun den Schengenaccoren gemaacht, mir hunn all Fortschrëtter an der gemeinsamer Wirtschafts- an Währungsunioun aktiv begleet an mir hunn mat un der Entwécklung vun der gemeinsamer Justiz- an Innepolitik geschafft. Et gëtt einfach keng aner Platz fir Lëtzebuerg, wéi am Kär vun deenen Länner ze sinn déi d’ Visiounen vun Schuman an Monet weider féieren an verdéiwe wëllen.

Lëtzebuerg well méi en engt Zesummeschaffen op alle Sujeten am Konvent, an duerno an der Regierungskonferenz, well méi een staarkt an méi een eenegt Europa ass och an eisem Interessen.

Mir hunn eis dofir och der Initiative vun Belgien, Däitschland an Frankräich ugeschloss fir zesummen ze kucken wéi d’gemeinsam Sécherheets- an Verteidigungspolitik kann méi Realitéit um Terrain kréien. Dëst soll eiser Meenong no en aktiven Denk-an Aktiounsustouss sinn fir all Membere vun der EU fir eis Ambitiounen déi schonns am Vertrag drann sinn, méi konkret a méi efficace ze gestalten. Fir eis sollen des gemeinsam Aarbechten keen ausschléissen an si sollen sech och net géint een riichten. Si sollen inklusiv an net exclusiv sin.

Här President,

Den Konvent huet virun en bëssen méi wéi engem Joer seng Aarbechten ugefaangen. Iwwert d’Zäit huet sech eng eegen ganz engagéiert Dynamik entwéckelt, déi elo dozou gefouert huet, dass déi Konventionnell un engem Projet fir e konstitutionellem Traité schaffen. Déi verschidden Aarbechtsgruppen hunn Rapporten iwwert d’Haptthemen vum Konvent ausgeschafft, wéi z. B. iwwert den Roll vun den nationale Parlamenter, iwwert d’Subsidiaritéit oder iwwert d’Aussepolitik, d’Sécherheet- an Verteidigungspolitik.

Am Hierscht huet den Präsidium d’Struktur vum Traité virgestallt an elo ginn op Grond vun deenen Rapporten d’Artikelen fir den Traitésprojet fir geluecht . Déi éischt Serie vun Artikelen huet méin wéi 1000 Amendementer provozéiert. D’lëtzebuerger Memberen am Konvent an och de Représentant vun der Regierong hunn Amendementer iwwerall do virbruecht, wou fonnt ginn ass, dass d’Texter vum Präsidium net zefriddestellend sinn, sief et well hinnen eng gewëssen Zukunftsambitioun gefeelt huet, oder sief et well d’Richtung net deem entsprach huet wat sech erwaart gouf.

Am Ausseministär hunn ech eng speziell Cellule agesat fir d’Aarbechten vum Konvent am Detail ze begleeden. Déi Aarbecht kennt eis dann zu gudd wann mer an der Regierungskonferenz definitiv Stellung huelen mussen iwwert all d’Artikelen a Prozedure vun där neier europäescher Konstitutioun. Ech sinn frou dass mir och mat dëser Chamber eng gudd Zesummenaarbecht hunn. Den Débat den 13ten Februar mat der ofschléissender Motioun huet gewisen, dass mir zu Lëtzebuerg parteieniwwergräifend eis eeneg sinn, wéi mir d’Europa vun der Zukunft gesinn.

Wat den institutionelle Kader vun der erweiderter Unioun ubelaangt an d‘Aarbechten hei eriwwer am Konvent, hunn mir matt eisen Benelux Partner am Dezember eeen gemeinsamen Memorandum ausgeschafft mat verschiddenen neien Ideeën. Mir hunn och d’Limiten ugedeit déi dësen Exercice fir eis net däerf iwwerschreiden.

D’Wichtegkeet an d’Erweiderung vun der Méthode communautaire mat der zentraler Roll vun der Kommissioun an natierlech d’Gläichgewiicht zwëschen den Institutiounen sinn fir eist Land onëmgänglech. Genau esou ass et fir d’Egalitéit tëschent de Memberstaten, sief et wat d’Kompositioun vun der Kommissioun ugeet oder Présidence vun der Unioun. Et kann net sinn, dass de Conseil européen vun engem Aussestehenden presidéiert gëtt, den dat en plus ganzzäiteg mécht. Dëst bréngt eiser Meenung no en Déséquiliber an eng Duplikatioun vun den Institutiounen. Fir eng besser an méi koordinéiert Aussepolitik géifem mir gären d’Funktiounem vum Haut Représentant fir d’Aussen- a Sécherheetspolitik mat deenen vum Kommissär zoustänneg fir Aussepolitik ënnert een gemeinsamen Hutt bréngen, well nëmmen esou Europa séin politesche Wellen an seng Moyenen zesummen gezielt um Terrain besser asetzen kann.

D’Haaptidien vum Benelux Memorandum hunn vill Uklang béi enger ganzer Réi vun Memberstaten an och bei villen Kandidatelänner fonnt. An eiser Roll als aktuell Presidence vum Benelux hunn mir eng Rei Réuniounen am Ausseministär, esou wuel mat den like-minded aus der aktueller Unioun, wéi mat den Kandidatelänner, organiséiert fir een méiglech breeden Appui fir eis gemeinsam Iddien ze dégagéieren. Esou kennen mir am Konvent besser gehéiert ginn. Den Owend ass hei zu Lëtzebuerg een Sommet vun den like-minded en vue vun deenen nächsten Échéancen vun dem Konvent, wéi d’Debatt mam President Giscard d’Estaing den 16ten Abrëll zu Athen an villäicht den 30ten Juni een speziellen Conseil européen fir d’Aarbechten vum Konvent ofzeschléissen.

Ech ginn och den Aarbechten vun den 6 Grënnungsstaten vun der EU eng ganz grouss Bedeitung, well zesummen sinn mir jo den Dépositaire vun der Traditioun an vun den Idealen vun der Unioun. Et kennt mir drop un eisen Wellen vun Integratioun an der neier Architektur vum erweiderten Europa ze erhalen an auszebauen. Meng Gespréicher d’lescht Woch zu Roum hunn mech kloer an deem bestärkt. Am Konvent hunn mir een Roll fir Impulser ze ginn, sief et eenzel oder zesummen.

De Konvent ass gebuer aus der Iwwerzégung d‘Europäesch Unioun op déi befirstehend Erweiterung besser virzebereeden, fir ze verhënneren, dass mer an eng Crise de croissance kommen.

Här President,

1993 haten Stats -an Regierungschefen d’Kriterien fir den nächsten Bäitrëtt fixéiert. Am Dezember 1997 zu Lëtzebuerg hunn mer dunn d’Länner désignéiert déi an deen Prozess eran kommen géifen. Séit deem sinn d’Verhandlungen gelaf an no ganz vill Aarbecht an Kompromessberétschaft war et méiglech am Dezember 2002 erëm zu Kopenhagen mat 10 Kandidatelänner ofzeschléissen. Den 16ten Abrëll dëst Joer ënnerschreiwen mer den Bäitrëttsvertrag mat Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowenien, Slowakei, der Tschechescher Republik, Ungarn an der Republik Zypern. Rumänien an Bulgarien waren nach net prett an hunn een neien Rendez-vous fir 2007 färdech ze ginn.

D’Tirkei huet een kloeren Kalenner festgeluegt kritt, deen eis seet dass mir Enn 2004 op Grond vun engem Rapport vun der europäescher Kommissioun mussen décidéieren op dëst Land d’Kriterien erfëllt  an villäicht ënner lëtzebuerger Presidentschaft 2005, d’Beitrëttsverhandlungen ufänken kann.

Méi e grousst Europa: eng stark Schicksalsgemeinschaft matt Wuestumschancen fir eis Economie.

D’Europäesch Unioun mécht also een groussen Sprong no fir an erfëllt endlech déi Hoffnungen, déi nom Fall vun der Mauer eis Noperen aus dem aneren Deel vun Europa haten. No esou villen Joeren an no schwieregen Verhandlungen ass heiansdo den Enthousiasmus fir dësen historesche Bäitrëtt gedämpft gewierscht. Zu Kopenhagen um Conseil européen den leschten Dezember huet awer keen méi un d’Schwieregkeeten geduecht, wéi mer all zesummen als eng grouss Famill vrun d’Press getrueden sinn.

Och d’Péripétien vun dem Irakdossier däerfen un deem neien europäeschen Zesummewuessen näischt änneren. Mir hunn eng gewollten an lang erwaarten Schicksalsgemeinschaft déi eis zesummen hält. Ech well alle Kandidatelänner wënschen dass de Referendum iwwert d’Adhésioun un d’EU an fir verschiddener och un d’Nato dat gehofftent Resultat bréngt. An Slowenien hat ech selwer d’Méiglechkeet ze erkläre wéi wichteg Europa fir eis, an si mat eis, an deem Europa sinn. Ech freeën mech iwwert d’gudd Resultater vun deem Referendum souwuel zu Malta, wéi och zu Ljubljana.

Wann och déi historesch an politesch Bedeitung vun der Erweiderung vun der Europäescher Unioun nett héich genuch ageschat kann ginn, an wann och an deem Kontext vun dem doraus erwuessenen wiertschaftlechen Potential ëmmer nees geschwat gëtt, hunn ech dach d'Impressioun dat deen ekonomeschen Aspekt an der Vergaangenheet oft ënnerschätzt ginn ass.

Nach haut schwëtzen vill Leit vum Potential vun deenen Exportmäart esou, als ob dat een Phänomen wier, deen an enger ferner Zukunft géing leien. Eis Geschäftsleit hunn allerdéngs vill méi séier op déi strategesch Ännerungen an Europa reagéiert, och dank - an ech si frou doriwwer- duerch d'Ennerstëtzung vum lëtzebuergeschen Aussen - an Aussenhandelsministär. Zuelen an eisem Aussenhandel mat deenen betreffenden Länner schwätzen fir sech.

Zënter 1993, dem Joer wou den europäeschen Bannemaart an Kraaft getrueden ass an d'Joer wou zu Kopenhagen den Erweiderungsprozess beschloss ginn ass, sinn zum Beispill eis Exporter no Polen an och an d'Tschechesch Republik em 11 mol an d'Luucht gaangen. Am selwechten Zäitraum sinn eis weltwäit Exporter mol net verduebelt ginn. Polen ass haut eisen 12ten Exportmaart. En stellt awer nëmmen een Véierel vun deem duer, wat mir no Spuenien verkafen, een Maart vun der selwechter Gréisst. Et ass also nach een groussen Potential do, deen et heescht weider gezielt ze erschléissen.

Meng Iwwerzeegung eis lëtzebuergesch Wiertschaftsmissiounen virun allem an déi Länner am Osten vun Europa ze féieren , huet Friichte gedroen, déi d’Statistiken bestätegen. Zënter dem Summer 1999 hunn ech déi allermeescht vun deenen zukënftege Memberlänner vun der Europäescher Unioun op mannst eng Kéier mat Lëtzebuergeschen Geschäftsleit besicht.

Donieft hunn mir awer och déi ganz grouss Mäart net vernoléissegt, well hiren Potential eis ganz Opmierksamkeet fuerdert. Esou ass zum Beispill eisen Handel mat Russland bal verduebelt ginn, deen mat Indien mol fënnef multiplizéiert ginn. Den Handel mat China ass erstaunlecherweis, an obwuel en och em ongeféier 250% geklommen ass, méi kleng wéi eisen Handel mat der Tschechescher Republik oder Polen!

Eis dréi Nopeschlänner sinn awer nach ëmmer bei wäitem eis gréissten Handelspartner. Hinnen verkafen mir 54% vun eisen Produkten, an mir kafen méi wéi zwee Drëttel bei hinnen an . Frankräich ass iwwert déi lescht 10 Joer vun deenen dréi eisen dynameschsten Partner. Vun engem schonns héigen Niveau aus huet sech eisen Handel mat eisen franséischen Noperen verduebelt.

Weltwäit gesinn ass den Handel an den Déngschtleeschtungen méi séier geklommen wéi an de Gidder. Déi staark Zounam vun den Servicer och zu Lëtzebuerg erkläert sech natierlech duerch den Succès vun der Finanzplaz, mä awer och duerch déi dynamesch Entwécklung vun deenen aneren Servicer. Soumat stellen d'Servicer haut 70% vun onsen Gesamtexporten duer, wat international gesinn een ganz héichen Prozentsatz ass.

Aktiv astoën fir d’Intérêt’en vun eiser offener Wirtschaft

D'Wichtegkeet vun den Servicer huet mech och dozou bruecht fir den Instrumentarium vun der Ënnerstëtzung vun eisem Aussenhandel ze erweideren, besonnesch fir och den Entreprisen aus dem Dengschleeschtungssektor d’Méiglechkeet ze ginn vun deenen Bäihëllefen ze profitéieren. Soumat besteet elo fir all eis Geschäftsleit, déi am Export aktiv sinn, eng eenzeg Ulafställ , nämlech den Office du Ducroire, wou si Bäihëllefen , Exportversecherungen oder Informatiounen ufroen kënnen. Déi grouss Unzuel vun Demanden vun eisen Entreprisen, déi bis elo beim Komitee fir d'Promotioun vun den lëtzebuerger Exporter, deen am Kader vum Office du Ducroire funktionéiert, agaange sinn, ënnersträicht d'Noutwendegkeet vun där Reform an den Intérêt vun onsen Exportateuren.

D'Bedeitung vun den Servicer illustréiert och firwat déi aktuell Verhandlungen am Kader vun der Welthandelsorganisatioun fir eist Land esou wichteg sinn. D'Verhandlungspositioun vun der Europäescher Unioun gëtt am Moment vun der Kommissioun zu Bréissel, am Zesummespill mat den EU-Länner, definéiert. Ech hunn duerfir gesuergt, datt all ons Interessen an deem Kontext bewahrt ginn, esou wéi ech dat am Débat d’Aktualitéien hei an der Chamber den 19ten Mäerz erkläert hunn.

D’lëtzebuerger Wirtschaft gehéiert zu deenen offensten an dofir ass all Verhandlungsronn vun der Welthandelsorganisatioun, der OMC, fir eis wichteg. Et bréngt ons Accès zu neien Mäert an zur gläicher Zeit Regelen déi Konkurrenzkonditounen um internationalen Maart sécheren.

De Welthandel fir jiddereen méi gerecht maachen.

Am Kader vum Doha Round, dem aktuellen Zyklus vun Verhandlungen an der OMC, gëtt den Entwecklungslänner speziell entgéint komm. D'Haaptziel vun dem Doha Round ass et d'Oeffnung vum weltweiten Handel an Aklang ze brëngen mat den Bedürfnissen an Méiglechkeeten vun den Entwecklungslänner. Duerch sein inhärenten Dynamismus kann den weltweiten Handel mat Secherheet zu enger dauerhafter an solider wirtschaftlechen Entwecklung vun den Entwecklungslänner beidroen, emmer virausgesat dat d'Resultater vum Doha Round hier spezifech Interessen berücksichtegen. Letzebuerg ass dozu determinéiert. Duerfir bedaueren ech, datt ett bis elo onméiglech war, trotz deem starken Asatz vun der EU, een Akkord ze finaliséieren, deen et den Entwecklungslänner erméiglecht hätt, Medikamenter géint den AIDS an aner geféierlech Krankheeten zu engem verstännegen Preis zur Verfügung ze stellen. Zou Doha haaten mer dozu een Engagement geholl an een Termin gesat, deen net agehalen ginn ass. Ech hoffen, dat miir do an der allernächsten Zeit nach Progrès realiséieren, well et geet em d'Kredibilitéit vum gesamten Doha Round.

Ech well hei och nach eng Kéier ganz kloer eraussträichen, datt et am Doha Round em d'Liberaliséierung vum Handel geet an net em eng Dereglementatioun vum Handel. D'Regierungen behalen d'Recht den Handel och weiderhin ze reglementeieren an Notioun vum Service public ze invokéieren. D'Objektiv vum Doha Round geet dodrems een Kader fir den weltweiten Handel ze schafen, wou national Diskriminatiounen an Wettbewerbsverzerrungen keng Platz méi hunn, an wou Mindeststandaren am sozialen an am environnement Bereich gesat ginn.

Ech hat elo weit ausgehol fir d’europäesch Erweiterung net nemmen an hieren politeschen, mä och an hieren wirtschaftlechen Kontext ze setzen.

Här Président,

Europa bedeid fir ons Letzebuerger, niewent dem Konvent an der Erwiederung, awer och nach eppes wat eis ganz no steet, an zwar d’europäesch Institutiounen an Servicen, déi mir stolz sinn hei ze empfänken zenter 50 Joer.

Lëtzebuerg : Sëtz vun europäeschen Institutiounen.

Daat kann awer net nëmmen als en Acquis ugekuckt ginn: et bedeit am Géigendeel vill Asatz an eng dynamesch Politique du Siège. Dest ass besonnesch wichteg elo wou d’Europäesch Unioun erweitert get an wou mer schnell an efficace mussen eis deenen neien Emstänn upassen.

Déi nei EU zu 25 bedeid méi europäesch Fonktionnären zu Lëtzebuerg déi mer hei mussen kennen intégréieren mat hieren Familjen, an engem agreablen Environenment an mat Arbechtskonditiounen ennert deenen si frou sinn hei zu Lëtzbuerg ze schaffen. Dofir brauchen mir déi zweet Europaschoul zu Mamer an mir brauchen méi Büroen fir d’Europäesch Kommissioun fir d’Cour an fir d’Parlement.

Eis Siègepolitik muss selbstverständlech d’Erweiterung voll an Betracht zéien, mä si muss firun allem Stabilitéit vun der Präsenz garantéieren an verschidden „pôles d’excellence“ zu Lëtzebuerg verstärken, dat heescht besonnesch den juristeschen, den finanziellen an den sprochlechen Volet.

Dës Strategie an eisen Asatz hunn eis an deem Bestriewen an den leschten Méint Succéen abruecht. Letzbeuerg konnt als juristesch an quasi-juridictionnelle Haaptstad vun Europa nach eng Kéier bereichert gin, wéi den 3. März, -no langen Traktatiounen- entscheed ginn ass déi juridictionnel Instanzen vum neien communautären Brevet zu Letzebuerg ze installéieren. Dësen Brevet ass essentiel wann mir den europäeschen Bannemaart vollenden wëllen. Teschend 2007 an 2010 wärten bis zu 100 héich qualifizéiert Juristen sech nei bei der Cour de Justice nidderloossen. Dobei ass nët ze vergiessen, dass sech positiv Retombéen och am Emfeld vun där Juridiktioun wärten bemierkbar machen. Am juridiktionellen Bereich haalen mir selbstverständlech och weiderhin een Aan op d’Entwecklung hin zu engem ‚Parquet européen’.

No baal 2 Joer an am Respekt vun den historesch relevanten Decisioune an der Sëtzfro, sinn de leschten Méideg d’Verhandlungen mat der Europäescher Commissioun iwert eng Restrukturatioun vun eenzelnen vun hiren Servisser op een Enn komm. Ech konnt mam Vizepräsidenten vun der Kommissoun, dem Neill Kinnock deen Dag hei zu Letzebuerg eisen Accord mat engem Bréifwiessel confirméieren.

Dobei haten mer zwou Ambitiounen: éischtens d’Zuel vun den Fonktionnären vun der Commissioun hei zu Lëtzebuerg ze erhéigen. Dat ass eis kloer gelongen: d’Kommissioun wärt an Zukunft een Minimum vun 3.400 Leit hei beschäftegen. D’Efféen vum Elargissement sinn hei mat Ausnahm vun den Iwwersetzungsdengschter nach net abegraff.

Des Zuel ass wichteg, sie bedeit awer net alles. Grad esou wichteg ewéi desen quantitativen Aspekt, war eist zweet Objektiv: d’Autonomie an d’Efficacitéiet vun den Servicer déi hei sinn, ze stärken. Dat ass esou wuel am Senn vun dem Personal aus desen Servicen, wéi am Senn vum besseren Fonctionnéieren vun der Commissioun als ganzes.

Mir hunn gekuckt datt d’Rechter vun dem Personal hei zu Lëtzebuerg oofgesechert sinn. Mir hunn eis vir den Erhalt hei um Standuert vun interessanten Aufgaben an essentiellen Domainen vun der europäescher Politik agessaat. D’Generaldirektioun   Santé Publique bleiwt enner anerem hei. Och Servisser déi net vun Ufank un an den Propositiounen vun Bréissel enthaalen waren, konnten mir zu Letzebuerg dauerhaft festschreiwen. Et ass och ze begréissen, dat mëttelfristeg d’Halschend vun den Iwersetzungsdengschter vun der Kommissioun hei zu Letzebuerg zentraliséiert gin.

Während deenen Gespréicher woren mer emmer an enkem Kontakt mat eisen Europadeputéierten, grad ewéi ech des Chamber au courant gehaalen hunn. Ech selwer an meng engsten Matarbechter hunn och mat den europäeschen Syndikater hei zu Letzebuerg en regelméissegen Kontakt gehaalen. Esou konnten mer gemeinsam zu desem Succès kommen.

Waat dat europäescht Parlament ubetrefft, hunn ech mech méi ewéi eng Kéier agesaat fir den Respekt vun den Accord’en, déi vum Premier mat den Präsidenten Haensch an Fontaine ennerschriwen gouffen. Eis Europadéputéierten an och Memberen vun desem Haus hun mech an denen Démarchen ennerstetzt. Leider gëtt et hei nët nëmmen Positives. Den 11. März huet de Büro vum Parlament beschloss d’Direction Générale IV déi sech em d’Etuden bekëmmert zum groussen Deel vun Letzebuerg op Bréissel ze transféréieren. Daat ass inakzeptabel an ech hunn dat och an engem Bréif dem Präsident vun dem europäeschen Parlament, dem Här Pat Cox, geschriwen. Mir sinn derbei  ze iweerpréifen waat fir weider konkret Schrëtter mir an desem Dossier wärten ënnerhuelen.

Als Sëtzstaat vun bedeitenden Institutiounen an Servicer vun der Unioun hunn mir awer net nëmmen Rechter, mir hunn och Pflichten géigeniwwer der Unioun, den Memberstaaten an denen Leit, déi hei bei eis liewen an schaffen. Mir huelen des Pflichten an Aufgaben eescht. De Kirchbierg, de Symbol vun der europäescher Präsenz hei, ass an engem groussen Embau fir dass mer kennen esou schnell ewéi méiglech d’Institutiounen vun der erweiterter Unioun an gudden Konditiounen hei kennen installéieren. D’Koordinatioun vun denen Arbechten ass een groussen Défi, an ech well hei all deenen Administratiounen merci soen fir hieren Asatz, deen eis erlabt eisen Obligatiounen gerecht ze ginn.

Déi europäesch Präsenz dréit zur Visibilitéit vun eisem Land bei an si bereichert eist dagdéglecht Liewen. Dest gëllt natirlech am professionnellen Bereich, an et ass och wouer am privaten, kulturellen an sozialen. D’Zesummenliewen mat Noperen aus Nord, Süd, Ost and West gëtt eis Erfahrungen déi mer oft schons net méi als nei gesinn; esou normal ass dat haut fir eis.

Här Président,

Mir hun also eng ganz Reih Projéen fir d’europäesch Institutiounen zu Letzeburg. D’EU huet sengerseits grouss Ambitiounen fir eis gemeinsam Zukunft, esou wuel an dem Konvent wéi an der Erweiterung déi am Mee 2004 Realitéit get, wann d’Adhésiounsverträg ratifizéiert sin.

De Succès vun eiser Présidence 2005 virbereeden.

Duerno kommen dann am Juni 2004 déi nächst Wahlen fir dat neit erweidert Europaparlament an déi nei erweidert Kommissioun fängt kurz duerno hier Arbecht un.

Den 1ten Januar 2005 huet Letzebuerg dann d’Présidence vum Conseil vun der EU zu 25. Mä schonns firdrun wärten mir d’Presidence vum Eurocorps zu Stroossbuerg teschent Dezember 2003 an Dezember 2004 hunn an vun Mëtt 2004 sinn mir an der Troika vun der EU präsent.

Dat alles gëtt en immens groussen Défi. Letzebuergesch Präsidentschaften an der Vergangenheet hunn sech weisen geloos. Grouss an wichteg Kapitelen vun der europäescher Eenegungsgeschicht sinn ënnert letzebuergescher Fieder geschriwen ginn. D’Laat leit also ganz héisch.

Lossen mer hoffen, dass eis Erfahrung an eisen neidegen Pragmatismus eis hellefen wärten, och des Präsidenz gudd ze méschteren, an dat am Senn vun der europäescher Konstruktioun an domadder och international Letzebuerg positiv an professionel duerzestellen. Dat ass déi beschten Image de marque déi mer kennen kréien.

Fir d’Présidence richteg ze préparéieren, hunn mir elo schons éischt Jaloen gesat. Ech hun virun enger Woch mat eisen multilateralen Ambassadeuren een éischten Tour vun den Echeancen fir 2005 gemacht. En Virberedungsgrupp, den zënter Januar besteet, mecht den kompletten Inventär vun eisen Pflichten, esou wéi mir se am Moment kennen.

Op der Basis vun desem Relevé mussen mir dann an denen eenzelnen Departementer eis Ressources humaines opstocken. Virdrun wëllen mir mat allen Ministären consultéieren an gemeinsam Stratégien an deenen eenzelnen Gebidder ausschaffen. Nierwent der thematescher Vierberedung gët et och schons eng logistesch Cellule déi sech méi konkret em déi materiell Preparatioun këmmert.

Ech well den Aussenministär technologesch an organisationnel resolut an dat 21. Joerhonnert féieren an hunn dofir e groussen Reformprozess op d’Schinn gesat dén op Pläng an Etuden vun 2001 zereck gét. D’Strukturen am Arbechtsprozess an d’Methoden fir d’Gestioun vun den Informatiounen ginn iwwerschafft. Eng performant Vernetzung am Haus an mat eisen Missiounen ass d’Ziel. D’Efforten déi an dësem Haus am Domain vun der Informatiounsgestioun an vun der Informatik gemacht ginn sinn, sinn fir eis och eng Source d’Inspiration. Mir mussen nach méi séier kennen réagéieren an do wou mir am Kontakt mam Bierger sinn, soll d’Qualitéit vun eisem Service nach weider verbessert ginn. Ech sinn iwwerzécht dass den groussen Asatz vun der ganzer Equipe aus dem Ministär des Reform zu engem secheren Succès wäert féieren.

Mir hunn eis och d'Moyen'en ginn fir d'Bild vum Land dobausse besser ze promovéieren an déi Valeuren fir déi mir astinn mat der "image de marque " vun Lëtzebuerg besser ze verkneppen. Mir wëllen méi aktiv ewéi an der Vergaangenheet ons traditionell ekonomesch an gesellschaftlech Ouverture, ons Solidaritéit no bannen an no baussen, den harmonesche Matteneen an enger lëtzebuerger - an och schonns europäescher Gesellschaft - als Standortvirdeeler vermaarten, an deenen falschen an eesäitegen Clichéen matt deenen mir oft confrontéiert sinn, entgéinttrieden.

Mir wëssen awer och datt domat een Effort verbonnen ass, deen sech iwwert laang Joeren erstreckt an deen nie wierklech ofgeschloss ass. Et ass awer en Effort , deen der Méi wäert ass, an deen op Mataarbecht vun enger ganzer Réi vun Intervenanten esou wuel aus den staatlechen ewéi dem privatwiertschaftlechen Beräich ugewisen ass an déi et ze federéieren heescht.

Här President,

D’Présidence gët eng Erausfuederung fir d’Affaires étrangères, fir all déi anere Ministären natierlech och, fir eis Missiounen am Ausland, fir eis ganz Verwaltung, jo fir eist ganz Land. Mir meeschteren se wann mir enk zesummenstinn. Den Apport vun jidferengem gët gebraucht.

Letzebuerg presidéiert als eent vun denen éischten Länner eng Unioun vun 25 Staaten. Mat enzelnen ware mir schons an onser langer Geschicht enk verbonnen an fréen eis op déi nei Zesummenarbecht. Mä mir mussen eis, no enger langer Trennung an engem gedeelten Europa, ustrengen des Staaten besser ze verstoen, hiert d’Wiesen ze begreifen an och em d’Verstees-de-mech fir eis Belanger werben. D’Krise am Irak huet och dat extra deitlech gemacht.

Eng verstärkte Letzebuerger Präsenz an deene Länner ass dofir onerlässlech. Wéi schonns anoncéiert wëlle mir bis Enn 2005 an Polen an an Ungarn direkt präsent sin.

Beim Staatsbesuch am Oktober vum leschte Joer hun mir eis Missioun an der Tschechescher Republik opgemaacht, en emotionalen an historischen Moment. Glëcklech Relatiounen an der Vergangenheet sinn och haut nach eng gudd Basis fir eng dynamesch an effizient Zesummenarbecht.

Letzebuerg muss präsent sinn duerch résident oder net-résident Missiounen an alle Länner vun der EU an an alle Kandidatelänner. Firwat brauchen mir méi wie jee dest Instrument? Kennen mir eis Noperen net gudd genuch? Brauchen mir nach Leit déi eis erklären wéi dat Land, wou si Letzebuerg vertrieden, fonctionnéiert?

D’Aentwert op des Froen ass évident. Jo, mir brauchen eisen Reseau vun Ambassaden. An dat fir d’éischt well mir op der Platz professionnel Leit brauchen déi eis Interessen kennen présentéieren an erklären, an wann et néideg ass och verteidegen. Eis Missiounen sinn fir d’Regierung an fir eis Ekonomie den Filter fir aus der énormer Zuel vun Informatiounen, déi eis haut zur Verfügung stinn, dat eraus ze filteren wat fir eis essentiel ass an engem bestemmenten Moment oder an enger bestemmter Sachlag. Si brengen eis och d’innenpolitesch Sensibiltéit vum Land, wou sie wunnen, méi no an wessen wéini Positiounen un d’Limiten vum politesch Méiglechen stoussen. Dëst Instrument am Ausland ass fir eis ganz Administratioun och een Service provider vun Informatioun an Wessen deen den letzeburger Ministären eng valeur ajoutée an hiren speziellen Dossiéen brengt. D’Missiounen sinn awer och do fir eis Bierger am Ausland ze ennerstetzen. D‘Honorarkonsullen vu Letzebuerg an der ganzer Welt stinn och den Letzebuerger zur Verfügung an sie hun eng wichteg Roll fir eist Land ze vertrieden. Dofir hunn ech d‘Entscheedong getraff, eis Honorarkonsullen a reegelméissegen Ofstänn op Letzeburg ze invitéieren, fir hinnen d‘Geleegenheet ze gin, sech nach besser mat den Erausfuerderungen, déi op eist Land zoukommen, vertraut ze machen.

En groussen Deel vun deeene verschiddenen Fonctiounen vun eisen Ambassaden an Konsullen sinn bei der Presidence 2005 speziell gefuerdert. Dofir brauchen mir Assurancen iwwert eng personal Opstockung vun eisem diplomateschen Réseau.

Ech hunn dest Joer verschidden Punkten manner détailléiert behandelt wéi se et verdengt hätten. Dat betrefft net nemmen eis erfollegreich Présidence vum Conseil de l’Europe vun Mee bis November 2002, mä och all eis bilateral Aarbecht. An eism Rapport annuel deen deser Chamber virleit, fannt dier des Elementer am Détail.

Ech well dofir stellvertriedend fir villes en ganz wichtegen Evenement vum läschten Joer hei zitéieren, an zwar de neien UEBL Accord, deen ech den 18ten Dezember zu Bréissel ennerschriwwen hunn. Vun enger Unioun déi haptsächlech en wirtschaftlechen a monétären Fundament hat, stellt déi nei UEBL en méi breeden privilégieirten Kader duer deen eng Reih nei Secteuren betrefft, an doduerch d’Belge als eisen éischten Partner nach bestärkt.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

An deser Zäit déi geprägt ass vum Krich am Irak, hunn ech et indispensabel fonnt mein Discours vun haut ronderem d’Wichtegkeet vun deenen direkt betraffenenen internationalen Institutiounen ze zentréieren. D’Europäesch Unioun an déi kommend Présidence sinn eis do natierlech ganz no. Ech wollt och erklären wéi eis Diplomatie schafft an wou. D’Diskussiounen em den Irak hunn jo bewisen, dass diplomatesch Aarbecht essentiel an Krisensituatiounen an dass wann se keng Solutioun brengen, Dramatesches kann passéieren.

Mir brauchen eng handlungsfäheg an geéente EU, eng partnerschaftlech transatlantesch Allianz, an schlussendlech eng Uno an där all hier Membren zesummenschaffen fir dat internationalt Recht geltend ze machen a fir Kricher ze vermeiden oder Krisen ze beendegen.

Letzebuerg ass e Membre fondateur vun der Uno, der Nato an der EU. Mir gléwen weider un déi Strukturen. Si sin et déi d’Welt an den Angelen halen. Si mussen gestärkt gin an dat verlangt en neien Elan. Letzebuerg wëllt hëllefen dësem Elan de Wé op ze machen.

Mir hun d’Méiglechkeeten an Europa an iwwer Europa eraus, en aktiven Beitrag ze brengen, a mir wëlle, a wärten déi Méiglechkeeten voll ausnotzen.

Dernière mise à jour